Emanzipéiert iech

Fräizäitgestaltung am SEA

Iwwert wem seng Fräizäit schwätze mer? Kloer, de Kanner hier, do si mer eis wahrscheinlech alleguer eens, well déi aner Teilnehmer ginn all bezuelt, also keng Fräizäit.

Wéi définéiere mer dann de Kanner hier Fräizäit. Do héieren ech ëmmer nees: Nom Iessen, den Hausaufgaben an eisen Aktivitéiten.

« EISEN AKTIVITEITEN »???? D’Kanner kommen net an d’Maison Relais fir d’Erzéier an Erzéierinnen ze beschäftegen. An D’ErzéierInnen sollten och net an d’Maison Relais kommen fir d’Kanner ze beschäftegen, sie sollten d’Kanner an hiere Selbstbildungsprozesser begleeden, fir sie do sinn, hinnen hëllefen, wann d’Kanner dat froen, an eventuell fir Aktivitéiten ze proposéieren, déi de Kanner an hierer Entwécklung kënnen hëllefen.

Mais zréck zur « Fräizäit ». Verschidde Saachen an der MR musse gereegelt sinn, z.B.d’Iesssituatiounen, d’Kommen an d’Heemgoen, an d’Form vum Zesummeliewen. Wéi gi mer mateneen ëm, wou sinn d’Grenze vu menger perséinlecher Fräiheet?
D.h. déi GANZ Zäit wou d’Kanner an der MR sinn ass prinzipiell hier Fräizäit, déi gëtt just ënnerbrach vu gezielten eenzelne Situatiounen. Stellt iech einfach emol fir, iergendeen géng iech firschreiwe wat dir ausserhalb vun der Aarbecht musst maachen, wéi dir iech musst beschäftegen. Dir géngt deem eppes anescht soen.
Firwat maache mer dat da mat de Kanner an de Crèchen a MR?

D’MR brauchen net mat der Schoul an e Bildungsaktivitéite-Machtkampf ze goen, sie kënne sech awer iwwert Matbestëmmung vun de Kanner profiléieren. Dat heescht dass Theme vun de Kanner mussen opgegraff ginn, wat eng partizipativ Haltung an e methodescht Wëssen iwwer Partizipatioun viraussetzt.
Do kréien ech gesot: « Dat ass jo schéin a gutt, mais mer hunn dofir keng Zäit. »
Virwat ass dofir keng Zäit? Oft, well mer an de MR probéieren den Erwaardungen vum Léierpersonal, den Elteren asw gerecht ze ginn.

Emanzipéiert iech! Dir sidd keen Unhängsel vun der Schoul (d’Kanner hu méi wéi genuch Schoul an der Schoul), an dir kënnt net all déi géigesätzlech Besoins vun den Elteren erfëllen. Dir musst äre Wee fannen, wéi dir d’Kanner op hierem Wee zu enger selbstbestëmmter Perséinlechkeet kënnt ënnerstëtzen.