Geet et de Kanner gutt?

 

„Eine demokratisch verfasste Gesellschaft ist die einzige
Gesellschaftsordnung, die gelernt werden muss,
alle anderen Gesellschaftsordnungen bekommt man so.“
Oskar Negt

 

D’Patricia Heck huet lescht Woch an hierem Artikel d’Situatioun vun de Kanner an de lëtzebuergesche (Bildungs-)Institutiounen beschriwwen. Jiddereen, deen um Terrain schafft kann dat wat do steet wuel wäitgehend confirméieren.

Eng demokratesch Gesellschaft ass geprägt vu géigesäitegem Respekt, vu Gläichberechtegung, Toleranz, Engagement …..

Zu eise Betreiungstrukturen:

Zesummeliewen an de Maison Relais ass zum Deel geprägt vun engem Manktum u Respekt. Mat Respekt mengen ech de Respekt vu Kanner vis-à-vis vun Erwuessenen, awer och de Respekt vun Erwuessene vis-à-vis vu Kanner, oder de Respekt vu politeschen Entscheeder vis-à-vis vun de Kanner an deene Leit, déi mat de Kanner schaffen. Ech sinn net der Meenung, dass do e lauter schlecht Mënschen um Wierk sinn, mais vill Leit déi mat gudder Absicht awer mat vill Iwwerfuerderung hieren Hänn kee Rod méi wëssen.

Hunn Erzéiung a Bildung dofir ze suergen, dass et e puer Konzerner och an Zukunft nach esou gutt geet, dass e puer Prozent vun der Populatioun méiglechst vill Räichtum ënnert sech kënne verdeelen. Sollt et net d’Aufgab vun Erzéiung a Bildung sinn, dass mer léieren am géigesäitege Respekt gläichberechtegt, tolerant am mat Engagement zesummen ze liewen? Vläit musse mer aner Akzenter an eiser (non-formaler) -Bildungspolitik setzen.

Mer hunn zënter e puer Joer e « Rahmenplan fir non-formal Bildung ». Experten aus dem In- an Ausland hun hir Käpp zesumme gestach fir e Kader ze schafen, deen eis an der non-formaler Bildung soll guidéieren. Villes wat déi Experten gesot hunn, steet am Rahmenplan, an ass gutt an hëllefräich. Sie soen awer och, dass Erzéier a Sozialpädagogen fir partizipativ-inklusiv ze schaffen Zäit brauchen.

Wat brauche Kanner (an Institutiounen) fir dass et hinne besser geet?

Dass hier Rechter (Kannerrechtskonventioun) endlech respektéiert ginn.
Dass hier Entscheedungsrechter definéiert ginn, an hinne Kloerheet vermëttelen.
Erwuessener déi sie respektéieren, an als eegestänneg Persounen akzeptéieren.
Erwuessener, déi dee Respekt dee sie de Kanner entgéint bréngen och vun de Kanner fir sech afuerderen. (kloer Grenze setzen)
Dass déi Erwuessen, déi mat hinnen zedinn hunn, sech Zäit (kënnen) huelen, a wëlle fir sie do sinn.
Zäit fir hier Ëmwelt op hierem Rhythmus ze erfuerschen. 
Erwuessener, déi sie dobäi begleeden, ouni Drock ze man, an net musse ze fäerten automatesch op d’Geriicht geholl ze ginn, wann e Kand sech beim Spille (Selbstbildungsprozess) wéideet
D’Recht op Rou.
Erwuessenefräi Zäiten.
……

Wat brauchen Elteren?

Vill manner Drock
Verlässlech Betreiungsstrukturen
….

Wat brauch Personal an den Institutiounen?

Den Optrag d’Rechter vun de Kanner an den Institutiounen esou ze definéieren, dass fir jidderee kloer ass, wat Kanner däerfen entscheeden (selwer fir sech, oder mat aneren), a wat Kanner op kee Fall däerfen ënnerscheeden.
Methodesch Kompetenzen fir partizipativ-inklusiv kënnen ze schaffen.
Ee serieue Personalschlëssel (z.B. bei U2 1/4, bis 4 Joer 1/6, bis 6 Joer 1/8, duerno 1/11), deen net duerch faul Rechentricker ëmgaang gët.
Eng verstänneg Preparatiounszäit fir all déi Aarbechten ze man, déi net direkt mam Kand geschéien (25% vun hierer Tâche).

Wat brauch kee Mënsch?

Dass gemaach gët, wéi wann alles top wier.
Nach méi grouss Institutiounen.
Eng deeglech Realitéit déi verhënnert, dass nom Bildungsrahmenplan ka geschafft ginn.